Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



29/03/2010

'hat erëm bal de Radio gelauschtert ...

Ënnerwee am Auto, de mueren, esou halwer néng, hunn ech de Radio ugemaach, fir d'Noriichten ze lauschteren.
Du ginn ech gewuer, datt iergendwou en Attentat, a Russland, mengen ech, passéiert ass, an, datt WÉINEGSTENS (!) ongeféier 30 Leit, oder méi, ëm d'Liewe
koumen ...
Da schéngt ët sech jo rentéiert ze hunn, wann der wéinstens enger 30
doud sinn ...
( Vierdrunn hunn ech elo "passéiert" geschriwen. Deen hannerem Micro hätt bestëmmt och
nach " statt fonnt" gesot ... - mengen ech ëmol ... )

Do freet een sech, wat déi, déi heinsdo um Micro braddelen, also d' Speakeren ( nët d'Spriecher !!! ), doheem ze héiere kruten, an elo bei sech doheem, vun sech ginn ...

Dee Braddeler do, dee misst 'mol erëm richteg Lëtzebuergesch geléiert ginn, ir hien erëm séng Topechkeeten no baussen trotere kann !!!
Mee neen, wat soll deenen dru leien, déi e. Ë., d'selwecht schwätzen, hir Schoul, wi deen (?), am Preiseland gemaach hunn, an elo eben NEILËTZEBUERGESCH schnëssen ?

Um Micro sollen se sech WÉINSTENS zesummen huelen ! Di Jonk lauschtere no, a ginn di
Kalwereien ënner Ëmstänn erëm weider.
Scho schlëmm genuch, fir, ausser deene Sproochemeeschterstécker iwer Antenn,erëm ze héieren, datt OP D'MANNST erëm esouvill Leit duerch Mëller hiert Liewe verluer hunn.
Anerer hunn och alt schonn dacks dat Wietchen "mindestens" benotzt . Dat ass och topech, mee kënnt awer nach nët un "wéinegstens" erunn ...

De "lëtzebuerger" Radio hunn ech gaangs ausgedréit, well duerno en aneren och nach
ugefaangen huet "eis" Sprooch ze verhonzen.

07/03/2010

Eng Manéier fir ...

Jo,eng Manéier, fir 'mol richteg NEILETZEBUERGESCH ze léieren, ass déi, déi ech hei hannendrunn schreiwen.
Fir d'éischt wëll ech awer soën, wien dat, e.a., intresséiere kéint :

1) déi, déi nët wëssen, wat se schwätzen ,
2) deenen dat am Fong egal ass ,awer vierwëlzeg sinn ,
3) déi, déi sech richteg fir d'Sprooch intresséieren ,
4) déi, déi d'Sprooch intresséiert, mee, déi nët uecht dinn ,
5) déi, déi wëllen hëllefen, datt ët besser gët ,
6) déi, déi op Facebook fir d'Sprooch krichen, an der selwer komme loossen ,

... an däer nach e Koup méi !

Wi versprach, eng Manéier, fir NEILETZEBUERGESCH ze léieren :

- der Jugend (haaptsächlech ) nolauschteren, wi se schwätzen !
- dat gëllt och fir Politeker, Veräinsmënschen (déi rieden), ... !
- Radio lauschteren, an Telee kucken a lauschteren !
.........
Absëns de Frënd vun eiser Sprooch soll sech all Dag e puer Minutten huelen, di Dommeeten notéieren, an un een ( wann och nëmmen heihinner, als Kommentär z.Bsp. ) weiderginn, fir vläicht eemol e "Gesammelt Wierk" erauszeginn, fir di lescht gudd Lëtzebuerger fäerten ze dinn ...

06/03/2010

Zu eiser Sprooch.

Eis Sprooch ass duerch d'Jorhonnerten erduerch allerhand gemëscht a gebeidelt ginn, an 't ass nach guer nët esu laang hir, datt Wäert op si geluecht gouf.An hir fënnt ee (bal) vun allem !
D'Actioun Lëtzbeuergesch huet bestëmmt vill dozou bäigedro'n,fir se ze "botzen", - mee, wéi laang ass dat hir !? - Nach guer nët esou laang !
't siew dann. 't gët alt 'mol wéinstens eppes gemaach. - Mee, am Iescht, wie liest "d'Klack fir eis Sprooch" am "Hellege Wuert" (wéi ech soën) ? - Ma déi, déi sech dofir intresséieren, liesen se natierlech ! - Wie soss !???
Do läit dann och d'Kromm an der Heck !
Se wire séier gezielt, déi, déi sech di Méi maachen ! Deene meeschten ass ët jo egal, an 't gët getuut, wat iwer d'Zong geet ... - an dat ass heinsdo ganz schlëmm !
Kee wëllt (jiddefalls ech nët), datt een erëm misst ufänken ze schwätzen, wéi virun enger honnert Jor ! Mam Auto fueren ech "hannerzech", an nët "réckuertesch", awer beileiwe nët "zréck" ! - Domatt misst dat klor sinn, wat gemengt ass.
Schlëmm ass nuren, datt vu Staat's Säit knapps eppes ënnerholl gët.
- Firwat nët méi Lëtzebuergesch an der Schoul ?
- Firwat gët den "Herr Lehrer", an d'"Joffer", nët sproochlech gepréiwt, an ugehalen, fir d'Kanner e proppert Lëtzebuergesch ze léieren ?
Wéi eis Kleng nach nët an d'Schoul goungen, dunn hunn se nach d'Sprooch geschwat. Knapps waren s'awer an der Spillschoul, du war kee Kichelchen méi gudd, mee "lecker". Ech krut eng Iddi : se krute gesot, Däitsch wir eng Sprooch wi all di aner friem Sproochen, a Sprooche soll een och léieren. Mee, Däitsch géing fir eis bal vumselwen, Franséisch an Englesch z.Bsp., awer nët ! Fir déi ze kënnen, do misst ee ganz vill léieren ! All Trëllert vun hei kéint um Enn Däitsch genuch, fir sech gudd domadder erëm ze klappen, mee, di aner gife weise kënnen, datt se eppes geléiert hätten, - wéi mir fréier soten.
Dat, mengen ech, hunn se versta'n, a wëlle keng Trëllerte bleiwen ...
Se kruten awer och gesot, datt all Mënsch séng Mammesprooch hätt,an déi sollt respektéiert ginn. Doheem, bei sech, wiren se houfreg, déi gudd ze schwätzen ! Eis Sprooch hei, wir Lëtzebuergesch - an nët manner wäert wi anerer ! Dofir sollte mir déi och gudd schwätzen !
- Firwat ginn nët all déi, déi iergendwéi op d'Leit lass gelos ginn, ugehalen, e richtegt Lëtzebuergesch vun sech ze ginn ?
Ech denken do un déi hannerëm Micro, um Radio, op der Telee (déi jo su gäer Fernseh
genannt gët !), a.s.w. ...
- An dann di geschriwe Press ! Wann op Lëtzebuergesch, dann awer richteg w.e.g. !
Traureg genuch, datt eis geschriwe Press dat Neilëtzebuergesch och nach ënnerstëtzt, wann s'awer och bal all zesummen Deutsch als "Haaptsprooch" ugesinn !?
Haut gëlt dat Argument nët méi, datt dat wéinst all deenen "aarme" Leit wir, déi am Krich keng aner Sprooch hunn dierfe léieren ... Dobäi war dat och nach e bësse pharisäesch ... - wéi een haut nach ka liesen. Well, 't geet monter weider !
Géint all Méi vun deenen, déi sech fir eis Sprooch asetzen,ass z.Bsp.de gudden ale Paschtouer ebeemol "Priister" vernannt ginn ! Dat kléngt bal wi en Express !
- Firwat si Papp a Mamm ze lidderech, fir hire Nowues op d'Plaz ze setzen, wann se
egal wat braddelen !? (Mir wëssen, si hu "keng Zäit" ... - mee awer ...)
Déi vun haut hu jo bestëmmt nach Grousselteren, déi hinnen vläicht kéinten verzielen,wéi se d'Sprooch séngerzäits verdeedegt hunn. ( Wann ech elo gehässeg wir, da gif ech soën, 't wiren der jo dobäi leider och gewiescht, deenen dat egal war, oder ... suguer zupaass koum ... )
Eis Schoulmeeschteren,Jofferen, a Professeren, hunn eis erëmgeholl, wa mer sproochlech ausgerëtscht sinn. Hinnen e grousse Merci.
Leider sinn di meescht vun hinnen nët méi. An, wa mir och fort sinn, dann "es lebe Neilëtzebuergisch" matt sénge Reschter vun eiser kranker Mammesprooch, - bis déi och verdillegt sinn ... !

D'Naziën,vierop de Gustav Simon, géifen an hire geseente Griewer feieren, datt d'Schanke fléien !

Eis zwou gréisst lëtzebuergesch(!) Dageszeidongen !

Eng gudd Iddi !?

Et kann ee jo dovunner halen, wat ee wëllt, mee, dat matt de Gratis-Zeidongen, dat war fir muenchereen nët schlecht.
Opeemol koum eng op eng phantastesch Iddi :
Elo kréich een hiert Blad och op "DEUTSCH" ... Eng gellech Freed ! (Vierdrun haten se nämlech d'Geschreiws op Franséisch, - sou wi d'Konkurrenz ...)

Elo kann een denken, wat ee wëllt, mee, firwat esou e Gedäisch, well s'op di groussaarteg Iddi koumen, hiert Geschreiws op "DEUTSCH" ënnert d'Leit ze bréngen !?

Eng besser Iddi wir gewiescht, fir eemol richteg lëtzebuerger Editeur ze spillen, an
dat Bliedchen op (richtegt) LETZEBUERGESCHT eraus ze ginn !!!

Am Lycée hat e Proff eis de Rot ginn, vill gudd auslännesch Zeidongen ze liesen, fir eng Sprooch mi séier an de Grëff ze kréien !
Wir dat näischt fir eis Leit, eis auslännesch Mattbierger, eis Kanner a Studenten !???

Nach e puer traureg "Witzen" :

- e Gebai ass agebrach
Lëtzebuergesch :
-zesummegefall , an de Koup gefall ,

- 't ass nët gestreit ginn
Lëtzebuergesch :
- 't ass nët gestridde ginn

- Den 3.03.09 huet de Minister K. vu "verknüpft" geschwat, - wollt
awer bestëmmt " verknëppt " soën ...

- An enger Kach-Emissioun huet mueres eng Fra gesot, mëttes géif ët bei hinnen e
Fëschgeriicht ...

- Do war ee Sproochentrëllert um de Micro, fir iwer eng Course matt Méimaschinnen ze tuuten. Di aarme Speakerin ( jo, nët Spriecherin ! )huet sech eng Heedeméi ginn, dee vu séngem " Rasenmäher " oofzebréngen ... Onméiglech !
Vläicht hat dee säin zu Tréier kaf, - an eppes behalen ...
( Nee, 't ass nët fir ze laachen ! )

Wie steet riicht ?

Jo, wie steet riicht fir dat, wat matt eiser Sprooch geschit ???
Op Neilëtzebuergesch gif ech soën :
Wien iwerhëlt d'Verantwortung fir dat, wat matt eiser Sprooch geschit ???
Do wir un éischter Plaz eise Staat !!! - Well :
- Wie bekëmmert sech ëm d'Schoulwiesen ?
- Wie soll suergen, datt d'Sprooch erhale bleiwt ?
- Wie soll soën, wien d'Leit, haaptsächlech auslännesch Mattbierger an eis Kanner (!!!) d'Sprooch uerdentlech schwätze léiere soll ?
Nëmmen ee Beispill :
Vum Familjeministär ënnerstëtzt, koumen d' "Heinzelmännchen" op d'Been !
Eng gudd Iddi, - MEE ,
- firwat "Heinzelmännchen" ???
Sinn d' Wiichtelcher oofgeschaf ???
An dat gouf och nach vun enger Persoun nogekuckt, déi grad d'Sprooch sollt an
Éieren halen, - well se sech suguer op en Dialekt verstäipt !!!

Ondugenden :

All dat, wat elo kënnt, hunn ech mattkrut, wéi dobaussen, um Radio, op der Telee, bei Rieden,a Geschriwenem (suguer Doudesannoncen ) a.s.w. ..., geschwat oder geschriwe gouf - a gët !!!
D'Politeker sollen sech 'mol matt der Nues huelen !!!

- Stattfannen
Eppes huet stattfonnt, oder fënnt statt ...
Lëtzebuergesch :
- do war eppes , oder do ass eppes ...

- Welch ?
Lëtzebuergesch :
- Watfir ?

- Insgesamt
Lëtzebuergesch :
- am Ganzen, am grousse Ganzen

- En Undeel
Lëtzebuergesch :
- En(g)Deel

- En Täter
Lëtzebuergesch :
- E Mëssdéidegen

- verletzt
Lëtzebuergesch :
- verwonnt , blesséiert

- eppes dobäi hunn
Lëtzebuergesch :
- eppes bei sech hunn

- um Häerz operéiert
Lëtzebuergesch :
mam Häerz operéiert

- Fussball
Lëtzebuergesch :
- Futtball

- Eckball
Lëtzebuergesch :
- corner

- eppes erwähnen
Lëtzebuergesch :
- eppes ernimmen

- en Onfall
Lëtzebuergesch :
- en Ongléck , en Akzident

- dee krut Applaus
Lëtzebuergesch :
- dee krut geklappt

- se kämpfen
Lëtzebuergesch :
- se krichen

- vulgär
Lëtzebuergesch :
- ordinär

- eppes Leckeres
Lëtzebuergesch :
- eppes ( ganz ) Guddes

- Polizei
Lëtzebuergesch :
- Poliss. ( Mäi Bop sot esuguer Här Poliss zu enger (!) Poliss ! )

- bedronk , besoff
Lëtzebuergesch :
- voll , sat

- faul
Lëtzebuergesch :
- lidderech

- ageschlof
Lëtzebuergesch :
- entschlof

- fir eppes verantwortlech sinn
Lëtzebuergesch :
- fir eppes riicht stoën

- Et ass eppes gescheitert
Lëtzebuergesch :
- et ass eppes doniewt gaang

- 't wir eppes mateneen verknüpft (sot e Minister um Radio)
Lëtzebuergesch :
mateneen verknëppt !

- eppes prägen
Lëtzebuergesch :
- stempelen, e Stempel opdrécken

- Grondschoul
Lëtzebuergesch (bis elo nach ëmmer) :
- Primärschoul

- veraarschen
Lëtzebuergesch :
- uschäissen (op d'Aan drécken)

- Mannschaft
Lëtzebuergesch :
- Equip(e) (nach ëmmer !)

- opgespillt (Musek , Futtballséquipe)
Lëtzebuergesch :
- gespillt

- knausereg
Lëtzebuergesch :
- knéckeg

- Gäizhals
Lëtzebuergesch :
- Knéckert , Knéckjang

- Scheisse !
Lëtzebuergesch :
- Schäiss ! , Merd(e)!

- Frass
Lëtzebuergesch :
- Gefréiss

- gekübelt
Lëtzebuergesch :
- gekatzt (mi "distingéiert": sech iwerginn)

- e Säufer
Lëtzebuergesch :
- e Sëffer , e Soff

- Tölpel
Lëtzebuergesch :
- Dëlpes

- Usprooch(en)
Lëtzebuergesch :
- Ried(en)

- do herrschen Zoustänn
Lëtzebuergesch :
- do ginn ët , do sinn, do gët ët ...

- Eng Mülltonn , eng Tonn
Lëtzebuergesch :
- Eng Dreckskëscht

- Engem e Been stellen
Lëtzebuergesch :
- Engem de Fouss setzen

- E Schweigen
Lëtzebuergesch :
- Näischt soën

- se hunn sech eens gemaach
- Lëtzebuergesch :
- se sinn sech eens ginn

05/03/2010

'hat bal de Radio gelauschtert ...

Vun deenen zwee Radioën, déi ech mengen, lauschteren ech scho nëmme méi een, well deen aner mer scho laang an den Ouere wéi deet.
Deen ech meeschtens lauschteren, dee fänkt awer och schonn unn, d'Sprooch ze verschampléieren.
Jee,
de mueren maachen ech dann deen op, deen ech versichen z'erdroën, a flatsch, bannent enger Minutt krut ech d'Wieder "insgesamt" a "schwanger" matt.
Ménger gudder Laun zuléift hunn ech op de faméise Knäppchen gedréckt, an Musique3 gelauschtert.

Aus den Zeidongen.

Di lescht Woch, mengen ech ëmol, huet een sech, ménger Meenung no matt Recht ,iwer dat opgereecht, wat esou um Radio an op der Telee u "Lëtzebuergesch" verzaapt gët !
Endlech hat een de Courage, dat ze soën.
D'Hor stinn engem zu Bierg, wann een heinsdo op eise "National"-Radioën (jojo !)héiert, wéi eis Kanner, oder déi, déi hei wunnen,d'Sprooch "geléiert" ginn ...
Dës Woch dann, e Mëttwoch, mengen ech, du stoung eng Äntwert vun engem am LW , deen dat nët schéngt versta'n ze hunn.
Am Fong weist dat, wat engem "gudde" Lëtzebuerger dru läit, wat matt sénger Sprooch geschit !
Jee, ech wëll mech nët weider opreegen, - hunn awer décidéiert, deen heite Blog 'mol erëm anzeriichten, - fir mer heinsdo kënne Loft ze maachen.
Ech hunn "erëm" geschriwen, well ech dat schonn 'mol eemol gemaach hat, aus Zäitgrënn awer fale gelos hunn.
Deem Mann, deen sech iwer d'Verschampléierung vun eiser Sprooch g'iergert huet, an däer Leit opgeruff huet, déi verantwortlech dofir sinn, fir eng propper Sprooch ze schwätzen, heimadder
e grousse Merci.