Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



14/04/2010

Theater ...

D' Lëtzebuerger Revue soll, wi 't schéngt, dëst Jor HELLEGER BIMBAM heeschen ....
Wou kënnt dann elo rëm deen " R " hir ???
Do wäert erëm een äifregen NEILËTZEBUERGESCH-Frënd d'Hand am Spill gehat hunn, oder,
wosst deen ët erëm nët richteg ???

Hellege Bimbam !

Wuer gi mer hinn !???
D'Actioun Lëtzebuergesch mengt och, matt hirer "Klack" am "Hellege Wuet" , do wir ët gedo'n !
En ale Mummen !
Déi schreiwt, wie wëllt gelies ginn ...
Déi liest nëmmen, wien sech dofir intresséiert !
An déi, déi ët misste bäibruecht kréien !???
- Jéjéjé .

12/04/2010

De mueren um Radio ...

Als gudde Lëtzebuerger mengen ech alt ëmmer, de Radio lauschteren ze missen, mee, allkéiers kënnt eng kal Dusch.
De mueren, ongef. 10 op siwen, huet di Dämmchen vun de Noriichten gemengt, do hätten sech der eens gemaach ....... , wuetwietlech : " se hunn sech eens gemaach ... "
Du war ech platt !
Hu mir nët ëmmer gesot, mir géifen eis eens ginn ???

E bëssen duerno, huet ee säi Wëssen iwer Konscht zum Beschte ginn.
Normalerweis schwätzt deen och schonn e "perfekt" Neilëtzebuergesch ... - a flatsch koum schonn eng groussaarteg philosophesch Ausso, déi mech dozou bruecht huet, de Radio erëm séier auszemaachen :
" E Schweigen ass heinsdo méi ..." sot hien ongeféier.
" E Schweigen" ???
Näitsch soën ass heinsdo méi, hätt ech gesot. Mee, dat war dëm "Sproochakrobat" wi 't schéngt ze komplizéiert ...
Wéini halen di Topechkeeten op !?
Se lafen an d'Ausland ( gudd gesot, well, wi 't schéngt kenne mer nëmme méi eent - besser wi
di aner ... ), a studéieren zu frecks. Natierlech ass engem Ausland séng Sprooch fir eis mi einfach, wi deem anere séng. An, wie strengt sech hautjesdaags scho gären onnëtz un ?
Jee, se kommen erëm, ... a se ginn op d'Leit lass gelos, ouni datt een sech drëms këmmert, wat se sproochlech vu sech ginn, an fueren dichteg duer, fir deenen, di nolauschterën, ze weisen, wéi
geschwat soll ginn ...
Kee stéiert se ! - Schumme sollen eis Politeker sech, an déi, déi se un de Mikro loossen.
Jo, hei goung rieds vun eisen "Speakeren" , dat " Spriecher " gi sinn ...

01/04/2010

Wat een do héiert ...

Dathei ass elo kee Witz fir haut, den 1. Abrël !
An erëm hunn ech beim Radio eragelauschtert.
Do huet een sech dru ginn, fir sénger Freed iwer d'Aféieren vun däer grénger Mülltonn ( ! ) Loft ze maachen ...
De Speaker hat vu Poubelle ( ! ) geschwat, huet sech awer dunn, huelen ech 'mol unn, héiflechkeetshalber deem Lëtzebuerger ugepasst, a vun Tonn geschwat, wat deem dann och schéngt gefall ze hunn, well hie sot nët méi su dacks Mülltonn, mee och Tonn.Traureg, wann ee gesäit, wéi eis Mammesprooch duerch esou Domméten bei der Däiwel geet !
Wi gewéinlech hunn ech deem Getuuts en Enn gemaach, well viirdrun hat schonn een, an anerem Zesummenhank vu Been gestallt geschwat. Eisereen huet alt emol de Fouss gesat, mee, dat schéngt jo eppes anescht ze sinn ...