Als gudde Lëtzebuerger mengen ech alt ëmmer, de Radio lauschteren ze missen, mee, allkéiers kënnt eng kal Dusch.
De mueren, ongef. 10 op siwen, huet di Dämmchen vun de Noriichten gemengt, do hätten sech der eens gemaach ....... , wuetwietlech : " se hunn sech eens gemaach ... "
Du war ech platt !
Hu mir nët ëmmer gesot, mir géifen eis eens ginn ???
E bëssen duerno, huet ee säi Wëssen iwer Konscht zum Beschte ginn.
Normalerweis schwätzt deen och schonn e "perfekt" Neilëtzebuergesch ... - a flatsch koum schonn eng groussaarteg philosophesch Ausso, déi mech dozou bruecht huet, de Radio erëm séier auszemaachen :
" E Schweigen ass heinsdo méi ..." sot hien ongeféier.
" E Schweigen" ???
Näitsch soën ass heinsdo méi, hätt ech gesot. Mee, dat war dëm "Sproochakrobat" wi 't schéngt ze komplizéiert ...
Wéini halen di Topechkeeten op !?
Se lafen an d'Ausland ( gudd gesot, well, wi 't schéngt kenne mer nëmme méi eent - besser wi
di aner ... ), a studéieren zu frecks. Natierlech ass engem Ausland séng Sprooch fir eis mi einfach, wi deem anere séng. An, wie strengt sech hautjesdaags scho gären onnëtz un ?
Jee, se kommen erëm, ... a se ginn op d'Leit lass gelos, ouni datt een sech drëms këmmert, wat se sproochlech vu sech ginn, an fueren dichteg duer, fir deenen, di nolauschterën, ze weisen, wéi
geschwat soll ginn ...
Kee stéiert se ! - Schumme sollen eis Politeker sech, an déi, déi se un de Mikro loossen.
Jo, hei goung rieds vun eisen "Speakeren" , dat " Spriecher " gi sinn ...