Zanter dëm 1. Abrël (kee Witz !) hunn ech keen "Hellegt Wuert" méi, eist stacklëtzebuergescht "LUXEMBURGER WORT" ...
Ech hat es ebeemol sat, bal méi iwer eis däitsch Noperen ze liesen, wi iwert eis. D'Grousregioun, do hunn der och dacks gefeelt. Ech mengen, eiser Noperen, mee, Däitschland ni.
Géint Noriichten huet keen eppes, mee, als gudd Europäer, an den Här Jott Tsee, eise Premier, deen däer jo een ass, muss een d'Gläichgewiicht behalen. Leider ass eist "WORT" mir perséinlech, zu Recht, oder zu Onrecht, matt sénger "Schlagsäit" no déisäit der Musel, ferm op de Wecker gaang.
Iwert dat "hellegt WUERT" (ech nennen dat eeben esou), hunn ech elo onglécklecherweis Wieder an och nach wäertvoll Zäit verluer.
Am Fong wollt ech domadder soën, datt ech duerch d'Feelen vun deem Blad, nët mattkrut, datt eise PREMIER 'mol erëm e Präis vun "déisäit" krut. Ech froë mech, wou se daër nach ëmmer fannen, wou Hien jo scho quasi aus allen Ecker vun den "deutschen Landen", vun allméiglechen Instanzen an Instänzercher, fir nët Klippercher ze soën, begléckt gouf ...
Elo liesen ech dann am Feierkrop, an hirem Artikel "HEIM INS REICH ?", datt Séng Exzellenz den Hanns-Martin Schleyer-Präis (12.000.-"Eumelen") krut ...
Nondikass !!! - Aplaz houfreg ze sin, datt eise PREMIER openeits zu Éiere koum, souz ech op en Hor ënnert méngem Schreiwdësch ... Wien deen Artikel gelies huet, dee weess firwat, - an all gudden, richtegen, Lëtzebuerger, denkt bestëmmt : "A wat denken di ANER Noperen vun eis ???"
Eens matt mir sin der nach, déi och drop waarden, wéini datt mer den Titel PREMIER oofschafen, an eisen "ÉISCHTEN " sech KANZLER vu Lützelbuerg nennt ...
Deem Veräin LGV no (Lëtzebuerger GermanisteVerband oder -Veräin) wëllen déi sech jo e.a. fir di däitsch Sprooch asetzen ... (Stoung ëmol 'lo kuerz an der "lëtzebuerger Revue".)
't géif awer och héich Zäit, well, wou ee lauschtert,kuckt,a liest,...
...keen eenzegt däitscht Wuert !!! ... Nët auszehalen !!!
Oofgesin vun däer "traureger" Tatsaach, duecht ech ëmmer,
Hien, de PREMIER géif nach KINNEK vun der Grousrégioun ...
'mol kucken ...wuer mer hi ginn ...
29/05/2011
26/05/2011
25/05/2011
22/05/2011
Dathei soll sech gemierkt gin !
Wann däer, déi ech mengen, hei laascht kucke kommen, an (vläicht 'suguer) liesen, da kann ech mer vierstellen, datt do primitiv Geeschter direkt jäizen, do wir een um Wierk, deen eppes géint déi vun "déisäit der Musel" hätt !
Hei soll dann, fir di "ixte" Kéier, klor gestallt sin, datt dat NËT de Fall ass, - sulaang déi nët déi Charakterzich eraus loossen, déi di al gudd Lëtzebuerger zanter "éiweg" 'sou "geschat" hun ...
Perséinlech hun ech eng Rëtsch däitsch Frënn, - kennen awer och e puer Preisen !
Do ass d'Differenz, déi dëm Stacklëtzebuerger nët brauch explizéiert ze gin !
Dathei sollen dann och elo déi sech mierken, déi hiren traurege Numm schonn op "Facebook" breed trëppelen, sech do de Batti stellen, an 'su lues bekannt sin wéi sténkeg Fësch.
Matt esou Sténkerten hat ech och schonn ze din, absëns matt engem, deen sech als Verdeedeger vun der Natioun mengt ze gesin, an, tragescherweis och nach, bei bal all neie Grupp, déi hien um Fléissband verbrëcht, e richtege Preiss, gewollt oder nët gewollt unzitt, a mattschleeft. Dee gët bei him gelidden, wiedert am Prinzip géint d'Fransousen, versicht "ënnerbeliichte" lëtzebuerger Dëlpëssen z'iwerzeegen, datt DAT di béis Nopere sin, eis schonn iwerfall gehat hätten, an, datt duerch déi SÉNG wäert Sprooch nët genuch am Ländchen gewierdegt géif ... - Kuerz, dee bedreiwt déi Propaganda, déi eng bestëmmte "VD-Bewegung" viru gudd 70 Jor ënnerstëtzt hat ...
Intressanterweis sicht deen och nach eng Plaz bei ons, wa méiglech an der Redaktioun vun enge vun eisen Zeidongen ! - Dat wir "hirem" Sproch no de Bock zum Gäertner gemaach ...
Onsen "Identitéitsverdeedeger" schleeft deen also matt sech duerch "FB" , an, gedriwe vu séngem Friemenhaass, wiedert, wou nëmme méiglech, géint Grenzgänger, an haaptsächlech géint déi, déi Franséisch schwätzen. - Ménger Meenung (an Experienz) no, däer een, dee sech iwer d'portugisesch Mattbierger iergert, zëmools déi, déi eemol d'Jor op d'Woolzer "Fatima" pilgeren, an näischt dogéint huet, wann "Eiser" um Nationalfeierdag op Tréier pilgeren.
De Centre Pompidou zu Metz, hält esou een bestëmmt fir eng Knäip, also, an eiser richteger Sprooch : e Café, oder e Bistro, keeft beim Bäcker säi Staangebrout , an säin Hörnchen, a sicht am Wiederbuch , wéi hien nach kéint fir Camembert soën ...
Scheisse ! Watfir eng verdäiwelt Sprooch, dat Franzmännescht. Zëmools, wann een nëmmen duerch eng Bamschoul gaangen ass ... - Wat e Gléck, datt de Pappa Staat deenen hëlleft !!! - 'lo wëssen
s'ëmol, datt se d'Grondschoul gepackt hun, wi s'an der Primärschoul woren, an d'fällt nët mi schwéier e Schëld matt Gendarmerie ze fannen, well Police mi einfach ze fannen ass. Dat schreiwt sech jo bal wi Polizei !
Kuerz, wat ech wollt soën :
déi "Patrioten" däerfen hei liesen. - Soss näischt ! - Onerwënschtene Pak ass dat !
An der Roserei hoffen ech mech elo awer nach klor genuch ausgedréckt ze hun !?

Mam gudde Beispill vir ...
Wann een elo reklaméiere géif, da kréich ee bestëmmt ze héieren, datt all auslännesch Mattbierger am Ländchen géifen "TUNNEL" verstoën.Richteg, MEE , firwat dann nët direkt op LËTZEBUERGESCH ???
Bereet, oder (besser nach) prett fir den Tunnel ? , dat wir jo dann och verstane gin, oder ?
Wéi ech aussem Auto wor, a nobäi goung, dun hun ech matt Plëséier, an awer gemëschte Gefiller, riets, (kleng genuch, datt deen, dee laascht fiert, dat nët erbléckst ?), gesin, datt do e.a. de "schëllegen(?)" Ministär stoung.
D'Faarwen hate mech gewonnert, mee, wi ech och nach eise roude Léiw gesin hun, dunn koum mer di Kombinatioun Schwaarz-Roud-Gold an de Kapp. - Firwat ?
21/05/2011
Schonn erëm ...
Virun enger Zäitchen koum eng gratis Zeidong op DEUTSCH eraus .
Virun enger Zäitchen, op PORTUGISESCH .
Dann hätte mer jo elo di gratis Bliedercher op dräi Sproochen ... awer keng op LËTZEBUERGESCH !!!
An dat hei am "Ländchen" ... !!! ...
Do fënnt ee keng Wieder méi !

Eng Topechkeet no däer aner ...
E jonkt Meedchen kënnt bei séng Leit gelaf, a seet, hatt wir vu sénger Frëndin BEGLEITET gewiescht.
WAT der Däiwel gin d'Kanner haut an der Schoul geléiert ???