Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



22/05/2011

Dathei soll sech gemierkt gin !

Wann däer, déi ech mengen, hei laascht kucke kommen, an (vläicht 'suguer) liesen, da kann ech mer vierstellen, datt do primitiv Geeschter direkt jäizen, do wir een um Wierk, deen eppes géint déi vun "déisäit der Musel" hätt !
Hei soll dann, fir di "ixte" Kéier, klor gestallt sin, datt dat NËT de Fall ass, - sulaang déi nët déi Charakterzich eraus loossen, déi di al gudd Lëtzebuerger zanter "éiweg" 'sou "geschat" hun ...
Perséinlech hun ech eng Rëtsch däitsch Frënn, - kennen awer och e puer Preisen !
Do ass d'Differenz, déi dëm Stacklëtzebuerger nët brauch explizéiert ze gin !
Dathei sollen dann och elo déi sech mierken, déi hiren traurege Numm schonn op "Facebook" breed trëppelen, sech do de Batti stellen, an 'su lues bekannt sin wéi sténkeg Fësch.
Matt esou Sténkerten hat ech och schonn ze din, absëns matt engem, deen sech als Verdeedeger vun der Natioun mengt ze gesin, an, tragescherweis och nach, bei bal all neie Grupp, déi hien um Fléissband verbrëcht, e richtege Preiss, gewollt oder nët gewollt unzitt, a mattschleeft. Dee gët bei him gelidden, wiedert am Prinzip géint d'Fransousen, versicht "ënnerbeliichte" lëtzebuerger Dëlpëssen z'iwerzeegen, datt DAT di béis Nopere sin, eis schonn iwerfall gehat hätten, an, datt duerch déi SÉNG wäert Sprooch nët genuch am Ländchen gewierdegt géif ... - Kuerz, dee bedreiwt déi Propaganda, déi eng bestëmmte "VD-Bewegung" viru gudd 70 Jor ënnerstëtzt hat ...
Intressanterweis sicht deen och nach eng Plaz bei ons, wa méiglech an der Redaktioun vun enge vun eisen Zeidongen ! - Dat wir "hirem" Sproch no de Bock zum Gäertner gemaach ...
Onsen "Identitéitsverdeedeger" schleeft deen also matt sech duerch "FB" , an, gedriwe vu séngem Friemenhaass, wiedert, wou nëmme méiglech, géint Grenzgänger, an haaptsächlech géint déi, déi Franséisch schwätzen. - Ménger Meenung (an Experienz) no, däer een, dee sech iwer d'portugisesch Mattbierger iergert, zëmools déi, déi eemol d'Jor op d'Woolzer "Fatima" pilgeren, an näischt dogéint huet, wann "Eiser" um Nationalfeierdag op Tréier pilgeren.
De Centre Pompidou zu Metz, hält esou een bestëmmt fir eng Knäip, also, an eiser richteger Sprooch : e Café, oder e Bistro, keeft beim Bäcker säi Staangebrout , an säin Hörnchen, a sicht am Wiederbuch , wéi hien nach kéint fir Camembert soën ...
Scheisse ! Watfir eng verdäiwelt Sprooch, dat Franzmännescht. Zëmools, wann een nëmmen duerch eng Bamschoul gaangen ass ... - Wat e Gléck, datt de Pappa Staat deenen hëlleft !!! - 'lo wëssen
s'ëmol, datt se d'Grondschoul gepackt hun, wi s'an der Primärschoul woren, an d'fällt nët mi schwéier e Schëld matt Gendarmerie ze fannen, well Police mi einfach ze fannen ass. Dat schreiwt sech jo bal wi Polizei !
Kuerz, wat ech wollt soën :
déi "Patrioten" däerfen hei liesen. - Soss näischt ! - Onerwënschtene Pak ass dat !
An der Roserei hoffen ech mech elo awer nach klor genuch ausgedréckt ze hun !?