Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



29/05/2011

DNF Nr 841 vum 27.Mee 2011

Zanter dëm 1. Abrël (kee Witz !) hunn ech keen "Hellegt Wuert" méi, eist stacklëtzebuergescht "LUXEMBURGER WORT" ...
Ech hat es ebeemol sat, bal méi iwer eis däitsch Noperen ze liesen, wi iwert eis. D'Grousregioun, do hunn der och dacks gefeelt. Ech mengen, eiser Noperen, mee, Däitschland ni.
Géint Noriichten huet keen eppes, mee, als gudd Europäer, an den Här Jott Tsee, eise Premier, deen däer jo een ass, muss een d'Gläichgewiicht behalen. Leider ass eist "WORT" mir perséinlech, zu Recht, oder zu Onrecht, matt sénger "Schlagsäit" no déisäit der Musel, ferm op de Wecker gaang.
Iwert dat "hellegt WUERT" (ech nennen dat eeben esou), hunn ech elo onglécklecherweis Wieder an och nach wäertvoll Zäit verluer.
Am Fong wollt ech domadder soën, datt ech duerch d'Feelen vun deem Blad, nët mattkrut, datt eise PREMIER 'mol erëm e Präis vun "déisäit" krut. Ech froë mech, wou se daër nach ëmmer fannen, wou Hien jo scho quasi aus allen Ecker vun den "deutschen Landen", vun allméiglechen Instanzen an Instänzercher, fir nët Klippercher ze soën, begléckt gouf ...
Elo liesen ech dann am Feierkrop, an hirem Artikel "HEIM INS REICH ?", datt Séng Exzellenz den Hanns-Martin Schleyer-Präis (12.000.-"Eumelen") krut ...
Nondikass !!! - Aplaz houfreg ze sin, datt eise PREMIER openeits zu Éiere koum, souz ech op en Hor ënnert méngem Schreiwdësch ... Wien deen Artikel gelies huet, dee weess firwat, - an all gudden, richtegen, Lëtzebuerger, denkt bestëmmt : "A wat denken di ANER Noperen vun eis ???"
Eens matt mir sin der nach, déi och drop waarden, wéini datt mer den Titel PREMIER oofschafen, an eisen "ÉISCHTEN " sech KANZLER vu Lützelbuerg nennt ...
Deem Veräin LGV no (Lëtzebuerger GermanisteVerband oder -Veräin) wëllen déi sech jo e.a. fir di däitsch Sprooch asetzen ... (Stoung ëmol 'lo kuerz an der "lëtzebuerger Revue".)
't géif awer och héich Zäit, well, wou ee lauschtert,kuckt,a liest,...
...keen eenzegt däitscht Wuert !!! ... Nët auszehalen !!!
Oofgesin vun däer "traureger" Tatsaach, duecht ech ëmmer,
Hien, de PREMIER géif nach KINNEK vun der Grousrégioun ...
'mol kucken ...wuer mer hi ginn ...