30/06/2011
Wéi mir de Wee gewise kréien ...
De mueren wollt ech d' Noriichten um Radio lauschteren.
Nët déck. - Wi zesoën ëmmer !
Ech gouf awer gewuer, datt am Bundestag dët an dat décidéiert gouf ...
Immens !
A wéi hätt ech den Dag gemeeschtert, ouni dat gewuer gin ze sin ??????
A wat hätte méng Oueren gesot, wann se nët - wi ët de Brauch gin ass - engem säi Gepoters
op NEILËTZEBUERGESCH ze héieren krit hätten ?
NO(!) Bréissel woren se suguer wéinst eppes gefuer ...
Gëschter Owend wor an der Telé allerhand lass.
- Di zwee Fransousen, déi déck iwer 550 Deeg bei de Fanatiker Geisel woren, kéimen haut
de mueren erëm heem. Den Owend ass op TV5 'suguer eng extra Emissioun dowéinst !
- D'Madame Christine Lagarde ass di éischt Fra un der Spëtzt vum FMI gin, an zu Paräis huet deem Klengen séng Regéirong erëm eemol missen ëmbesat gin.
- Nach Villes vun uechter d'Welt gouf verzielt.
An hei !!!??? - Nullkommanix - vergläichsméisseg !
Wat wir dëm Lëtzebuerger säi Liewen, ouni ze wëssen, wat am Bundestag gepotert a getrotert gët !???
Bong.
Nodeems mer gëschter owend d'Nouvellen gekuckt haten, gouf "des Racines et des Ailes" gekuckt.
Wivill sollen sech der dofir intresséiert hun ????? - Dobäi gouf och laang a breed vu Metz gewisen, a geschwat.
Leider nët vun Tréier ...
Frankräich ass wonnerschéin ... an huet nët nëmmen EEN Schwarzwald. Nëmme fir deen ze nennen. A wat hun d'belsch Noperen ze bidden ? D'Hollänner ? ...
Majo. Déi heiheem "placéiert" goufen, leeschten ganz gudd Aarbecht op de richtege Plazen ! ...
Al an nei Ierwen vu 1941 sin äerdeg ...

03/06/2011
Cartoons !
Tjo, di léif sougenannt geschriwe Press.
'suguer bei Juxzeechnungen, do liest een, wat een dobaussen nach zevill héiert, an erëm dohi féiert, datt d'Sprooch alt (haut heescht dat jo schonn "halt")erëm mi aarm gët.
Do ass mer elo, an eiser stacklëtzebuerger (...) Revue, - a nët fir d'éischt - , opgefall, datt se sech nët gin, matt deem "schwanger", wann eng Fra "an aner Ëmstänn" ass ...
Feelt elo nach, datt, "zu gegebenem Zäitpunkt" dat Kënnchen, - dat bestëmmt nët mi léiere wäert, eis Sprooch zeguddsert ze schwätzen, - "gebore" gët ...
Bis elo krut ech dat nach nët zu Ouren, - mee ... wéi laang dauert ët nach bis ... ?

01/06/2011
Actioun Lëtzebuergesch ... Actioun ? ...
Hei stin e puer Saachen, wou ee kéint mengen, do missten déi sech mucksen !?
Geet ët duer, dëm "hellege WUERT" heinsdo eppes an d' "WARTE" ze schreiwen, dat just déi liesen, déi d'Sprooch iwerhaapt nach intresséiert ???
Dat muss och ëmol gesot gin.

Wien Oueren huet, soll se spëtzen !
Wi dat mir matt méngen Viernimm passéiert ass, - woubäi deen éischten 'mol direkt een ass, deen d'NAZI-"Verwaltung" méngen Elteren opgezwongen hat (dee wor hinnen zevill Franséisch, an nët méiglech, an d'Preisescht iwersat ze gin ...), do hun ech mech eenzock un de Telefon gehaang, an e Bekannten ugeruff, fir ze froën, wéi dat ebeemol méiglech wir ...
E.a. gouf ech gewuer, dat wir "geléierte Leit" no LEGAL ...
Well ech awer (nach laang) nët deen eenzege sin, dee vun däer Ieselerei betraff ass, géif awer 'mol gekuckt ... a studéiert ...
Mech stéiert elo nach am meeschten dat LEGAL ... - An aner Wieder, ouni Affekot ze sin, schéngt ët elo esou ze sin, datt dat, wat d' NAZIËN ugeriicht hun, vu LËTZEBUERGER gudd geheescht gët, oder ?
De NAZIËN ,an de Schuppsäck vu Mattleefer hir Saachen, gin ebeemol "salonfäheg", a d'Afferen,déi sin, wi su dacks di domm !
Fir wéini ass den "Anschluss" ???

Wien Aan huet, soll och (gudd) liesen !
Do krouch ech jo gëschter nët e Schreiwes vun engem Notär, an do gouf ech matt méngen dräi Viernimm geschriwen.
Fréier wor dat eben 'sou de Moud, AWER, - fir d'alleréischt a méngem laange Liewen ! - gesouch ech di dräi Viernimm ... op DÄITSCH !
Ech wor platt, an entgeeschtert !
Gët ët esou eppes !?
Gaangs hun ech den Telephon geholl, an - Mäint gesot - .Ënner anerem, datt ech nët ënnerschreiwen, wat ech vun de Naziën agebrockt krut !
Di Saach soll elo g'ännert gin ...
Wi 't schéngt kéim dat "vun uewen" ...
... wat mech, bei eisen heitegen Zäiten och guer nët wonnert !!!!!!!!!!

Wien Aan huet, soll kucken !

De mueren sin ech laascht kéipweis Dreckskëschte gefuer, awer däer, di nëmmen fir de Pobeier geholl (solle) gin.
Gemenkerhand steet drop : PAPIER . Dat kéint jo dann Franséisch sin, an och DÄITSCH !
POBEIER drop ze schreiwen, op déi Iddi schéngt keen ze kommen.
Do sin der awer och, deenen de PAPIER zevill "zweedeiteg" ass.
Deenen hir Léisung hun ech misse knipsen ...