Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



01/06/2011

Actioun Lëtzebuergesch ... Actioun ? ...

Hei stin e puer Saachen, wou ee kéint mengen, do missten déi sech mucksen !?
Geet ët duer, dëm "hellege WUERT" heinsdo eppes an d' "WARTE" ze schreiwen, dat just déi liesen, déi d'Sprooch iwerhaapt nach intresséiert ???
Dat muss och ëmol gesot gin.