Tjo, di léif sougenannt geschriwe Press.
'suguer bei Juxzeechnungen, do liest een, wat een dobaussen nach zevill héiert, an erëm dohi féiert, datt d'Sprooch alt (haut heescht dat jo schonn "halt")erëm mi aarm gët.
Do ass mer elo, an eiser stacklëtzebuerger (...) Revue, - a nët fir d'éischt - , opgefall, datt se sech nët gin, matt deem "schwanger", wann eng Fra "an aner Ëmstänn" ass ...
Feelt elo nach, datt, "zu gegebenem Zäitpunkt" dat Kënnchen, - dat bestëmmt nët mi léiere wäert, eis Sprooch zeguddsert ze schwätzen, - "gebore" gët ...
Bis elo krut ech dat nach nët zu Ouren, - mee ... wéi laang dauert ët nach bis ... ?