De mueren wollt ech d' Noriichten um Radio lauschteren.
Nët déck. - Wi zesoën ëmmer !
Ech gouf awer gewuer, datt am Bundestag dët an dat décidéiert gouf ...
Immens !
A wéi hätt ech den Dag gemeeschtert, ouni dat gewuer gin ze sin ??????
A wat hätte méng Oueren gesot, wann se nët - wi ët de Brauch gin ass - engem säi Gepoters
op NEILËTZEBUERGESCH ze héieren krit hätten ?
NO(!) Bréissel woren se suguer wéinst eppes gefuer ...
Gëschter Owend wor an der Telé allerhand lass.
- Di zwee Fransousen, déi déck iwer 550 Deeg bei de Fanatiker Geisel woren, kéimen haut
de mueren erëm heem. Den Owend ass op TV5 'suguer eng extra Emissioun dowéinst !
- D'Madame Christine Lagarde ass di éischt Fra un der Spëtzt vum FMI gin, an zu Paräis huet deem Klengen séng Regéirong erëm eemol missen ëmbesat gin.
- Nach Villes vun uechter d'Welt gouf verzielt.
An hei !!!??? - Nullkommanix - vergläichsméisseg !
Wat wir dëm Lëtzebuerger säi Liewen, ouni ze wëssen, wat am Bundestag gepotert a getrotert gët !???
Bong.
Nodeems mer gëschter owend d'Nouvellen gekuckt haten, gouf "des Racines et des Ailes" gekuckt.
Wivill sollen sech der dofir intresséiert hun ????? - Dobäi gouf och laang a breed vu Metz gewisen, a geschwat.
Leider nët vun Tréier ...
Frankräich ass wonnerschéin ... an huet nët nëmmen EEN Schwarzwald. Nëmme fir deen ze nennen. A wat hun d'belsch Noperen ze bidden ? D'Hollänner ? ...
Majo. Déi heiheem "placéiert" goufen, leeschten ganz gudd Aarbecht op de richtege Plazen ! ...
Al an nei Ierwen vu 1941 sin äerdeg ...