Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



01/06/2011

Wien Aan huet, soll och (gudd) liesen !

Do krouch ech jo gëschter nët e Schreiwes vun engem Notär, an do gouf ech matt méngen dräi Viernimm geschriwen.
Fréier wor dat eben 'sou de Moud, AWER, - fir d'alleréischt a méngem laange Liewen ! - gesouch ech di dräi Viernimm ... op DÄITSCH !
Ech wor platt, an entgeeschtert !
Gët ët esou eppes !?
Gaangs hun ech den Telephon geholl, an - Mäint gesot - .Ënner anerem, datt ech nët ënnerschreiwen, wat ech vun de Naziën agebrockt krut !
Di Saach soll elo g'ännert gin ...
Wi 't schéngt kéim dat "vun uewen" ...
... wat mech, bei eisen heitegen Zäiten och guer nët wonnert !!!!!!!!!!