E Palier's-Noper vu mir hat séng Kusin missen an d'Spidol féieren, an huet sech bei mir ellen opgereegt, - well, do woren si jo nët bei elauter Auslänner geroden !
(Hei wëll ech soën, nodeems, wat ech bei eiser Dëlpëssen esou héieren, datt en Auslänner een ass, dee Franséisch schwätzt !)
"Nët ëmol DÄITSCH hun se geschwat !", huet-e gebläert !
Eis Sprooch z'ernimmen, DAT hat hien am Äifer vergiess ....
Deeselwechten ass awer ëmmer ganz houfreg, sech um Nationalfeierdag, matt deene fréiere Komeroden vun séngem " Corps " vun der Arméi ze treffen ... wéi hien téint ...
Ech duecht, dat wir jo immens ..... - well
soss wir DEEN och vläicht um " Pilgerdag NO Tréier ",
den 23. Juni ...
'sou wi séngesgläichen ...
03/07/2011
An se gin sech nët !
Wéi gewinnt goung ech de muere méng Bréidercher akafen. De Bäcker ass Lëtzebuerger, an séng Fra och, ... mee, nët verschount vun der verpeschter Sproochenëmwelt, konnt ech alt erëm eppes bäiléieren.
E Lëtzebuerger (!) huet gefrot, wat nach vu Kuch do wir, an huet dun op de leschten an der Rei gewisen. "Deen do, w.e.g." - Ah, sot d'Madam, de Kiermeskuchen ! Als gudd Lëtzebuergerin huet se awer e kuurzen " u " gesot, sou wi eisereen gif fir e KUCH soën ....
Tjëft, KUCHEN, matt engem kuerzen " U " !!! - Wou koum dan den " EN " hannendrun hir !?
Jo, ebeemol kann ech och nach, zu méngen alen Deeg, NEILËTZEBUERGESCH ...
Am Auto hun ech dun awer wëlle wëssen, wat dorueter lass wir. 't wor d'Zäit vun de Noriichten.
Do héieren ech gaangs vun engem ellenen Ongléck, bei deem e Velosfuerer GÉINT e Bam geschleidert gouf ...
Dat goung un d'Gemitt. Ech hun direkt de Knäppchen gedréckt ...