Dreem sin eppes Glungenes, mee, heinsdo gin engem, am Schlof, Saachen duerch de Kapp, déi ët gi sin, oder (suguer! ) déi nach komme wäerten.
Lo sin ech nët awergleeweg, gleewen un dat, wat ech gesin, héieren, upake kann, kommen awer och mol nët derlaanscht, mech ze wonneren ....
Do hun ech der jo nët deslescht gedreemt, ech wir en immenst groust Räich, hätt awer e klengen,aartlechen Noper. Dee misst ech nach hun, duecht ech, an hat d'Léisung séier fonnt :
ech iwerfalen hien, a soën:"Elo bass d'ee vu méngem Räich. - Fäerdeg."
Stell een sech vir : ëm di 6000 stongen der do, an hu mir matt Fuendelcher gewénkt, an woren och direkt prett, fir hir Mattbierger z'iwerrieden, matt ze maachen.
- Schweessnaas sin ech erwächt. - Sou gudd hat dat gedo'n.
Dat wor een Dram.
Ët gin ower och Dreem, déi engem ganz ellen op d'Gemitt schloën. Dat sin däer, wou di eeler Lëtzebuerger soten :"Tjëft, dee gesäit ower de mueren ellen eraus. Hien hat bestëmmt béis gedreemt."
"Béis gedreemt", wi komplizéiert. En "Albdram", dat wir dach mi kamoud ..... gifen se hautjesdaags soën.
't siew dann.
Sou e béisen Dram hat mech un dee vierdrun erënnert :
Do hat ech gedreemt, ech wir esou e klengt Paradäis, matt vill Noper ronderëm. Ee Noper, e groussegt Räich, wor mir vill méi sympathesch wi deen aner, well do eng Zort Stëppeler mir agehummert haten, ee vun deene Groussen, dat wire Béiser, se géifen näischt schaffen, géife weder Gott nach Gebott kennen, hätten 'suguer eiser Härgott a Pensioun geschéckt.Dobäi hätten s'och nach eng Sprooch, di kee Schwäin richteg verstoën, nach schwätze kéint, ouni sech flappech unzestrengen.
Deemno wir deem aneren séng Sprooch wéi fir eis gemaach.
Topech wéi ech wor, hun ech dun iwerluecht, wéi ech mech kéint bei deem grousse Räich bäischmiren, fir datt dat d'Hand géif iwer mech halen, am Fall wou. - Ët wees ee jo ni. An de Bicher stoung geschriwen, datt ech schons icksmol iwerfall gouf. Vu wiem ? - Dat ass mer ausdenkeg gin.
D'Léisong : direkt Sympathisanten vum gemengte Noper matt ménger Politik gewäerde loossen, an hinnen nokucken, wann se sech bei deem de schéine Männchen maachen. Déi gifen dann och séier - oder "besser" schnell - dofir suergen, däer aussëm Räich vun niewendrun, fir alles ze froën, bei si léiere goën, hir Leit bei mech lackelen, an déi lues a lues op wichteg Plaze setzen, fir datt nëmme kee méi menge kéint, datt ët ouni déi och gif goën. Fir datt méng kleng Leit dat géife bekäppen, wann s'ëmstand dat nët gife verstoën, misst hire Nowues och bäibruecht kréien, datt eng richteg(!) Sprooch, wi deem Noper séng, eiser uraler Bauresprooch gif gudd din. Wéi kéimen se soss matt der Welt matt virun ? "Massnamen" missten erbäi, wi z.Bsp. eis Zeidongen an dëm Noper sénger Sprooch weider drécken, sénger Leit iwerall eraschleisen, wou ët der Saach dénge kéint, wi,z.Bsp. Radio, "Fernseh", Staat a Gemengen, Kliniken, Politik, Klippercher, a.s.w. ... - Och den Här Lährer dierft sech nët onbedéngt vill Méi gin, d'Joffer an de Priister natierlech och nët, - dofir géif en anstännege Schoulprogramm scho suergen -, an esou gifen di Toperten bei mir scho mattmaachen, an di Kleng wire "stolz" op hir AL, déi si den Nationalfeierdag géife, vu Butz un, matt op Tréier huelen, déi vu "Méngen" am meeschten besichte Weltstad.
Eng Gendarmerie kéim mir nët méi heihin. D'Poliss, oder besser d' PolizEI , wir dat Richtegt.
Villes ass mer wi de Blëtz duerch de Kapp gaang, an, erëm schweesnaas sin ech matt zwee Féiss aussëm Bett gesprong.
'hat mech awer nët blesséiert, - entschëllegt : verletzt.