Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



19/09/2011

Ëmmer datselwecht.

Gëschter mueren wor ech entzwousch, wou ech just onsen(...) nationalen (...) Radio zu Ouer krut.
D'Noriichten wollt ech lauschteren.

't wor ower séier op en Enn ...

Do gouf ech jo nët laang a breed an d'Bild gesat, wat zu Berlin bei de Walen eraus koum, - 'sou, wi wann ët bei ons gewiescht wir.

Allerhand vun der Bundesliga gouf och ernimmt.
An (ech wor platt! ) 't gouf gesot, owes gif den "DSK" , op TF1, Explikatiounen iwer säi Behuelen gin ...
Vun eis heiheem krut ech nach di traureg Noriicht vum Doud vun engem jonke Mënsch, dee mam Papp um "Stau" fësche wor.

Do wou ech wor, wor de Radio och séier aus.

Uff !