Am Ländchen schéngen - besonnesch, déi, déi mengen se géifen eppes fir Lëtzebuerg maachen - eng matt der Ratsch krit ze hun.
Do kréien ech jo nët vun engem Notär e Bréifchen, fir eng Ënnerschrëft ze gin.
An, WAT liesen ech do ? - Mäi Numm, a méng Viernimm. Dat wir jo nët schlëmm, ët ass esuguer normal, MEE, wiren do nët déi Viernimm gewiescht, wou d'Naziën méng Elteren forcéiert haten, se opschreiwen ze loossen. - Se woren zevill franséisch ......
Natierlech hun ech mech g'iergert, an de Notär eenzock ugeruff.
Do sot eng Dämmchen, dat misst ewell esou sin, an si huet sech dobäi op de Centre Informatique de l'Etat beruff.
Nodeems ech sot, ech géif di Kalwerei nët ënnerschreiwen, hun ech de CIL dann ugeruff.
E Mann sot mer, ech wir nët deen éischten, dee reklaméiere géif. - Si géifen no däer Saach kucken ...
Op méng Fro, op dann elo rëm de Naziën hir "Gesetzgebung" ebeemol rëm a Kraaft wir, konnt den aarmen Fonctionnaire mer keng Äntwert gin. - Wat ze verstoën as.
De Notär huet säi Schrëftstéck méngem Wonsch no ëmgeännert, an esou goung erëm onnëtzen Ierger op en Enn.
Elo waarden ech erëm, wat nach kënnt.
Wëllt ech awer de Bluttdrock an d'Luucht joën, da gin ech op dat faméist Facebook , a liesen, wat do a schassbronge Grippercher gebraddelt gët, a wivill Friemenhaass, absëns vu jonke "Patrioten", wéi se sech och nach "stolz"(!) nennen, verzaapt gët ! .........
Deenen, déi eppes kéinten dogéint maachen, schéngt dat puupegal ze sin. - Vive Lëtzebuerg !