Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



23/12/2011

Firwat ?

1) Firwat gin der a Radio(TV)-Redaktioune gelos, déi Lëtzebuergesch schwätzen, wéi d'Kou Spuenesch ?
2) Firwat gët di "Schleichwerbung" fir "déisäit" toleréiert ?
Gët ët keng Grousregioun (méi) ?
3) Firwat gët an der Schoul nët méi Wäert op eis Sprooch geluecht ?
4) Firwat ass eis Press nët ëmstand sech virum däitsche(!) Monopol a puncto Sprooch
lass ze rappen ? - e LËTZEBUERGER Numm wir alt 'mol e Fortschrëtt !
5) Firwat sin se houfreg, Bliedercher gratis ze verdeelen, - a keen denkt drun, dat an onser(!)
Sprooch ze maachen ?
En Englesch-Proff sot eis ëmol :"Wann Der wëllt séier méi kennëg,e.a., matt enger Ëmgangssprooch gin, da kaaft eng GUDD Zeidong !"
- Hu mir däer keng !?
Ët bléiwen nach e Koup aner Froën, mee, do wiren der dobäi, déi d'Pressmënschen, an 'suguer eis Politeker nët ganz geheier wiren !
Eng lescht kann ech mer awer nët verbäissen :
6) Wat der Däiwel mecht eis Actioun Lëtzebuergesch ?

Elo ass e Nazidiktat opeemol offiziell ...

Am Laf vum Jor krut ech eppes bei engem Notär z'ënnerschreiwen.
Am Schrëftstéck, dat ech geschéckt krut, do stounge méng dräi Viernimm schéin op DÄITSCH iwersat ...
Prompt hun ech protestéiert, krut awer vum Notär sénger Hëllef gesot, se missten elo di Nimm schreiwen, wéi s'am "Etat Civil" agedroë wiren ...
Direkt hun ech beim Pappa Staat ugeruff, a ménger Roserei Loft gemaach.
Du krut ech vum Biamten gesot, datt ech nët den éischte wir, deen dowéinst reklaméiere géif, an se wiren amgaang, d'Saach ënner d'Lupp ze huelen.
Vum Notär ( all Respekt ! ), krut ech méng Nimm, wi se schonns e laangt Liewe laang gebraucht goufen, an d'Schrëftstéck geschriwen, an ech wor duebel zefridden.
1. Well ech wosst, datt ech nët eleng reklaméiert hätt,an
2. Datt de Notär och gesonde Mënscheverstand hat.
Do muss ee wëssen, datt dëm Hitler séng Preisen, all Nimm, déi se konnten, iwersat haten, an agedroën, wéi se wollten.
'sou gouf ët de Rüdiger fir de Roger, de Gottlieb fir den Théophile, de Johann fir de Jean, an nach 'sou Kalwereien.
Mäin éischten Numm wor nët z'iwersetzen, a gouf kuerzerhand duerch eppes Ongeféieres agedro'n.
Elo hiewt ët mer nach, wann ech bedenken, datt beim Staat do elo erëm esou en Dëlpes, dee bestëmmt e GeschichtSbuch matt engem GeschichtEbuch verwiesselt hat, den Naziën hir Kalwereien wollt "legaliséieren" ...
Wuer geet ët hin ???

Mam gudde Beispill vir ...

Do wor ech jo nët, viru Wochen, mueres fréi, an e grousseche Buttek.
De Gérant ( oder muss een ewell VERWALTER soën ? - Schliisslech ass aus der Primärschoul och GRONDSCHOUL gin, an aus der Gendarmerie, d' POLIZEI - jo, se heescht offiziell Police Grand-Ducale, an, wann fréier e gudde Lëtzebuerger ee vun hiren, matt Witzen uechter d'Land bekannte Viergänger, ugeried huet, da sot deen "Här Poliss". )
Also, de (nach) Gérant, ass vun engem ugesproocht gin : "Ah, Här ... ! - Och schonn am Déngscht !?) . De Gérant huet gelaacht, a sot :" Morgenstund' hat Gold im Mund !" ...
" Mueresstonn huet Gold am Monn' !", dat wir awer och gaang ? Mee nee !!! - 't muss ee weisen, datt een op d'mannst eng Friemsprooch kann ..., och, wann ët fir eis di liichst ass, an den aner Noper esou eng fierchterlech schwéier schwätzt !

Allerlee virun de Feierdeeg ...

D'Feierdeeg stin virun der Dir, an 't krit een och 'mol erëm d'Geleënheet, fir sech z'iergeren.
Firwat ?
Wéinst eiser verstëmmelter Sprooch, natierlech !
Di lescht Zäit liest een ëmmer méi, datt schassbronge Pak erëm amgaang ass, Gëft ze späizen, an, ouni 'mol richteg eis Sprooch schwätzen ze kënnen, géint eis auslännesch Mattbierger wiederen.
Am leschte Krich hate mer ongef., trauregerweis, 6000 Mattleefer, déi de Naziën an den A... gekroch sin, an eege Leit vun hei ugeschass hun. Muenchereen(t) hun s'um Gewëssen, mee, esou eppes schéngt dee Pak nët gehat ze hun !
Elo stellt ee fest, datt déi och nach gejéngert hun, an der Wësseschaft Recht gin - suguer Bewäiser liweren -, wat d'GEN-Fuerschung ugeet !

Bei de leschte Gemengewalen hun ech op der Gare, op enger Plakat d'Binnett vun enger kräizdommer Louder, - och nach vun "déisäit" op enger Lëscht gesin.
Dobäi ass dee Sténkert matt schassbrongem Gehir scho laang Zäit, duerch säi Schäiss op deem faméise Netzwierk, bekannt, wou jo den Ament nach vill däers Krom sech erëm dreiwt, an och nach vu Patriotismus braddele wëllt .
Deen " Dämon Müll HEIM-INSREICH " misst décker op d'Schnëss kréien, an "heim" geschéckt gin ! Intressant, ze wëssen, datt deejéinegen och nach no enger Plaz am Ländchen gesicht huet ... wa méiglech eng an enger Zeidongsredaktioun !!!!
De Bock zum Gäertner ma'n, neent een dat, wann dat klappe géif !
Wou sin d'Politeker, déi jo soss 'sou déck do sin, awer nët ëmstand sin, eppes géint dee brongen Kriips ze maachen ? - Mussen (!) se tolerant sin ? ... Do kann een denken, wat ee wëllt.
Wie schleist all déi eran, ouni ze préiwen, op se " die Gewähr bieten ", fir ët an hirer Mammesprooch ze soën ?

Wa mer scho bei hirer Mammesprooch sin, do deet sech nach muench Aneschtes.
Z.Bsp. liesen ech, scho virun zwou Wochen, an enger (fréier) stacklëtzebuerger Zäitschrëft, wat gudd wir, als Cadeau ënner de Beemchen ze leeën :
Allgemeng, e Koup Saachen, déi ee bei "...... .DE " bestelle kéint, dann, e WM-Futtball, "echt Leder", (Undenke)-Modell "Fritz Walter", an och nach en "FC Bayern-"Tricot ...
Deemno, all dat Bescht vum Beschten, fir Lëtzebuerger, wat an der "Grousregioun" ze fannen ass, wéi se hei, - wi 't schéngt - verstane gët !!!
Ah jo, - an derselwechter Zäitschrëft stoung, wat "eiser" Prominenz dann zu, a vun, Lëtzebuerg denkt ... - Jëses !
Do wollten der jo de gudde Wëllen hun, 'mol uechter d'Welt bekannt ze maachen, wou eist Ländchen sech befënnt (!) ... - nët a Belgium ...
'lo kréien ech alt Saachen vun Iwerséi . Dacks steet do " Luxembourg, Germany " ...
'ass, wi 't schéngt, nach kengem opgefall, obschonns dat schéngt heefeg ze sin ...
Jee, 't kéint een sech gréng a giel iergeren, wann ee liest, an héiert, wéi eis Sprooch ëmmer méi deem glaïcht, wat d'Naziën am Fong wollten hun !
't sollt ee sech schummen !