Am Laf vum Jor krut ech eppes bei engem Notär z'ënnerschreiwen.
Am Schrëftstéck, dat ech geschéckt krut, do stounge méng dräi Viernimm schéin op DÄITSCH iwersat ...
Prompt hun ech protestéiert, krut awer vum Notär sénger Hëllef gesot, se missten elo di Nimm schreiwen, wéi s'am "Etat Civil" agedroë wiren ...
Direkt hun ech beim Pappa Staat ugeruff, a ménger Roserei Loft gemaach.
Du krut ech vum Biamten gesot, datt ech nët den éischte wir, deen dowéinst reklaméiere géif, an se wiren amgaang, d'Saach ënner d'Lupp ze huelen.
Vum Notär ( all Respekt ! ), krut ech méng Nimm, wi se schonns e laangt Liewe laang gebraucht goufen, an d'Schrëftstéck geschriwen, an ech wor duebel zefridden.
1. Well ech wosst, datt ech nët eleng reklaméiert hätt,an
2. Datt de Notär och gesonde Mënscheverstand hat.
Do muss ee wëssen, datt dëm Hitler séng Preisen, all Nimm, déi se konnten, iwersat haten, an agedroën, wéi se wollten.
'sou gouf ët de Rüdiger fir de Roger, de Gottlieb fir den Théophile, de Johann fir de Jean, an nach 'sou Kalwereien.
Mäin éischten Numm wor nët z'iwersetzen, a gouf kuerzerhand duerch eppes Ongeféieres agedro'n.
Elo hiewt ët mer nach, wann ech bedenken, datt beim Staat do elo erëm esou en Dëlpes, dee bestëmmt e GeschichtSbuch matt engem GeschichtEbuch verwiesselt hat, den Naziën hir Kalwereien wollt "legaliséieren" ...
Wuer geet ët hin ???