Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



23/12/2011

Firwat ?

1) Firwat gin der a Radio(TV)-Redaktioune gelos, déi Lëtzebuergesch schwätzen, wéi d'Kou Spuenesch ?
2) Firwat gët di "Schleichwerbung" fir "déisäit" toleréiert ?
Gët ët keng Grousregioun (méi) ?
3) Firwat gët an der Schoul nët méi Wäert op eis Sprooch geluecht ?
4) Firwat ass eis Press nët ëmstand sech virum däitsche(!) Monopol a puncto Sprooch
lass ze rappen ? - e LËTZEBUERGER Numm wir alt 'mol e Fortschrëtt !
5) Firwat sin se houfreg, Bliedercher gratis ze verdeelen, - a keen denkt drun, dat an onser(!)
Sprooch ze maachen ?
En Englesch-Proff sot eis ëmol :"Wann Der wëllt séier méi kennëg,e.a., matt enger Ëmgangssprooch gin, da kaaft eng GUDD Zeidong !"
- Hu mir däer keng !?
Ët bléiwen nach e Koup aner Froën, mee, do wiren der dobäi, déi d'Pressmënschen, an 'suguer eis Politeker nët ganz geheier wiren !
Eng lescht kann ech mer awer nët verbäissen :
6) Wat der Däiwel mecht eis Actioun Lëtzebuergesch ?