Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



23/12/2011

Mam gudde Beispill vir ...

Do wor ech jo nët, viru Wochen, mueres fréi, an e grousseche Buttek.
De Gérant ( oder muss een ewell VERWALTER soën ? - Schliisslech ass aus der Primärschoul och GRONDSCHOUL gin, an aus der Gendarmerie, d' POLIZEI - jo, se heescht offiziell Police Grand-Ducale, an, wann fréier e gudde Lëtzebuerger ee vun hiren, matt Witzen uechter d'Land bekannte Viergänger, ugeried huet, da sot deen "Här Poliss". )
Also, de (nach) Gérant, ass vun engem ugesproocht gin : "Ah, Här ... ! - Och schonn am Déngscht !?) . De Gérant huet gelaacht, a sot :" Morgenstund' hat Gold im Mund !" ...
" Mueresstonn huet Gold am Monn' !", dat wir awer och gaang ? Mee nee !!! - 't muss ee weisen, datt een op d'mannst eng Friemsprooch kann ..., och, wann ët fir eis di liichst ass, an den aner Noper esou eng fierchterlech schwéier schwätzt !