Dathei soll 'mol gesot ginn !

Hei soll nët polemiséiert ginn,
awer och nët de Bak zougehalen, wann ët drëms geet, ze weisen,wéi dat, wat ech NEILETZEBUERGESCH nennen, duerch Dommeet an Ignoranz entsteet !
JIDDERENGEM séng Mammesprooch an Éieren !
Deemno, eis eegen och ...
suwäit ët nach méiglech ass, well si deene meeschten jo schéngt puupegal ze sinn ...
Eng Sënn an eng Schan !
- An e Schlag an d'Gesiicht vun deenen, déi virun 70 Jor , wéinst eiser Sprooch, bis op d'Blutt, schikanéiert goufen ...



04/12/2012

08/11/2012

Nolauschteren ... a mattkréien ...

An der Apdikt steet eng Damm, esou eppes virum halwe Joorhonnert.
Eng lëtzebuergesch Damm ! Si keeft dët an dat, an dun freet se, op se och  WATTE (!) hätten ...
Scho wollt ech eppes soën, du koum hannert der Téik d'Fro, wat d'Madämmchen gif wëllen.
Dëskéier sot se WATT - ouni den "E" ... A sou, koum vun hanner der Téik, ech hat Iech nët richteg versta'n.
Den Hummer awer koum duerno.
D'Mme wollt och nach iergendee Spray. Du koum d'Äntwert wi d'Kugel aus der Flënt :" Mir hun deen awer nët op Däitsch !"
Dat hat gudd gedo'n bis an di déck Zéiw !!!
ALS LËTZEBUERGER SCHWÄTZEN ECH EIS SPROOCH ... awer RICHTEG !!!

06/11/2012

Ech wor d'Nr 35 ...


Datselwecht wi ëmmer.



D'Aan op, a kucken ...

De gudde Lëtzebuerger krit bal d'Flemm fir duerch d'Ländchen ze fueren. D'Sprooch schéngt ëmmer méi eesäiteg verdréckt ze gin ...

06/03/2012

Ëmmer besser ...

Schon eng Zäitchen nët méi geschriwen, well, 't misst een sech drunhalen matt all deenen Topechkeeten, déi een héiert, a liest !
Gëschter koum eng Invitatioun fir en Tiirchen maachen ze go'n.
Direkt uewe gouf ee gewuer :
" Visite matt Verköstigung" vun ....
Fréier wir een do bekäschtegt gin !
Bal ënnen stoung dann erëm :
" Visite vun ...... . Dir erfuert alles iwwer ... "
Do wir een allerhand gewuer gin !
Ech froë mech, wéi laang ët nach dauert, bis eis Sprooch ganz am Eemer ass !?

08/02/2012

Alt weider mam Jabel ...

Jo, aplaz de Jabel, deen ellen mattgeholl ass, ze flécken, maache mer alt weider, bis hie nët mi geet ...
Gëschter huet ee mir telephonéiert, oder besser, eng Noriicht gelos, well hie nët u mech koum.
Do krut ech, ë.a., ze héieren, datt hien dann nach eemol uruffe géif, awer nach en anere Numero probéiere géif, ansonsten ... , a.s.w. ...

Di al Lëtzebuerger soten an deem Fall : "Dat deet ee katzen !" ...

An erëm de NATIONAL-Radio.

De mueren hun ech dann 'mol - ausnamsweis - wëlle lauschteren, wat do rëm geplättelt gët.
Tëscht Un- an Ausmaachen, blouw mer just d'Zäit ze héieren, wéi iwert en Teaterstéck gepotert gouf, an ze héieren, datt dat och ëmol witzeg wir, un éischter Plaz, well do eng Fra, déi e bëssen duercheneen ass, sech alt ëmol de Batti stellt, an och 'mol bedronk hir Männercher mecht.
Fir eemol wor ët de Journalist nët an d'Schold, mee di ganz jonk Perséinchen, déi hien ausgefrot huet, déi di Topechkeet vun sech gouf.
Dat ass uerg, well do huet een héieren, wat di Jonk haut schwätzen.
't wir grad su séier gewiescht, voll , oder sat, ze soën ...
Mee, wou hätt di Perséinchen dat geléiert ???
- JéJéJé.

'mol erëm e bësse knouteren ...

Datt eis Sprooch vun Dag zu Dag ëmmer méi verschampléiert gët, dat misst deen Dommsten scho bekäppt hun.
Am Fong wollt ech d'Saach opgin, hei di Topechkeeten opzeschreiwen, mee, heinsdo leeft ët mer awer iwer .
Do ass jo deen ale KIM vu Nordkorea verschäert gin.
Dat wor natierlech eppes fir um Radio breed ze trëppelen.
't gouf een 'suguer gewuer, wie beim, an hannert dem, SARG gelaatscht ass ...
Gelungenerweis hun eis Vierfueren ëmmer nach dofir DOUDELUED gesot, an, well se di gelungen Gewunnegt haten, Villes oofzekierzen, hun se einfach LUED gesot.
Well awer elo de Moud ze si schéngt, den ale Naziën hire Wonsch nodréiglech z'erfëllen, well se 1941 esou béis erféiert goufen, rëtsche mer dann, matt Hëllef vun allméiglech Toperten, op d'mannst sproochlech, - heim ins Reich !